2001
D’Stemmsektioun ass no schwierege Joren 2001 definitiv opgeléist ginn an d’Powerliftingsektioun huet sech nei Dieren opgemaach andeems de Veräin sech vun 1997 un aneren internationale Weltverbänn ugeschloss huet, wou e bis haut nach ëmmer aktiv ass.
Den Veräin huet an Tëschenzäit 5 Plënneraktiounen hannert sech, sech vun der Grënnung bis haut vun enger Handvoll Aktiver bis iwwer 3500 aktiv Memberen am Laf vun all deene Joren gesteigert. Och vun de Sportveräiner, haaptsächlech HBD an T71 hunn schon iwwer 1000 Athleten vun eise Sportinfrastrukture profitéiert.
D’Gréisst vun den Infrastrukturen an Trainingsmaterial erlaben et net fir méi wéi maximal 500 aktiv Memberen zugläich zou ze loossen (ouni d’Athlete vun de Veräiner), fir een optimalen Trainingsoflaf fir all Kompetitiounssportler awer och fir d‘ Fitnesssektioun ze garantéieren.
Frank Engel
Grënnungsmember a President vum CAD-Power ab 2004